Een vun villen Projet'en, déen den MCCL régelméissech duerchzitt, as den ComputerFlouMaart 1 mol am Mount, Sondes Moies vun 9 - 12 Auer,
gët dësen entweder zu Stengefort an der aler Schmelz oder zu Hoen am Pompjeessall ofgehaalen.
De nächsten CFM-Datum fannt Dier ënnen op dëser Säit.
Wann Dier eppes aus dem Informatik- oder Elektronikberäich ze verkaafen hudd, dann kritt Dier beim MCCL d'Geléejhenhéet, daat un den Mann (oder d'Fra!) ze bréngen. Um CFM gët et baal alles aus dem Hard- & Softwareberäich, vun Komplettmaschinen bis zur 'vente en détail'.
Um Computerfloumaart ass d'Entrée GRATIS. Ausstellen an Verkaaf kascht 2.- Euro pro Emplacement (an daat ass jho och nach net d'Welt...). Aus Platzgrënn ass d'Vente op 3 Emplacementer pro Persoun (Grupp) limitéiert. MCCL Memberen kréien hier 1. Platz fiir näischt (also elo nach séier Member gin...).
Fiir daat ons Kéefer beim ComputerFlouMaart net beduckst gin, huet den MCCL och en Hardware Testcenter sur place. Hei kann baal alles aus dem IBM-kompatibelen Beräich (Hardware !) getest gin. Informéiert Ierch duerfir op der Platz. Bei engem Defekt kënnt der Ierch dann (am Gudden hoffentlech) mam Verkéefer éenejhen. Verkéefer kënnen sech hei och vergewësseren, op hier Produit'en nach gin.
Well mier wëssen, daat et Sondes Moies extrem schwéier ass fir opzestoen, bidden mier Ierch an onser Buvette och Kaffi an Croissant'en un !
Wichteg: Liest och onst Reglement fir den ComputerFlouMaart (franséisch)
Computer-Floumaart 2010
|
17. Januar
|
Stengefort Al Schmelz
|
|
14. Februar
|
Stengefort Al Schmelz
|
|
14. Mäerz
|
Stengefort Al Schmelz
|
|
11. Abrëll
|
Stengefort Al Schmelz
|
|
09. Mee
|
Stengefort Al Schmelz
|
|
13. Juni
|
Hoen Pompjeessall
|
|
11. Juli
|
|
|
12. September
|
Stengefort Al Schmelz
|
|
10. Oktober
|
Stengefort Al Schmelz
|
|
14. November
|
Stengefort Al Schmelz
|
|
12. Dezember
|
Stengefort Al Schmelz
|
|