Den Internet, mat sénge ville Méiglechkeeten sech ze informéieren an Informatiounen mat aneren auszetauschen huet eis Kommunikatiounsgewunnegten a kuerzer Zäit grondléend verännert. De Master Computer Club Luxembourg, Luxembourg Safer Internet an d’Gemeng Stengefort invitéieren Iech ganz häerzlechst op hier Konferenz iwwer Secherheet am Internet ënnert dem Thema:
Waat leeft am Internet?
Kanner a Jugendlecher an der virtueller Welt.
Wat d’Elteren, a jidderee wësse soll
déi den 3. Juli 2008 um 20 Auer an der Annexe vum Centre Roudemer zu Stengefort ofgehale gët.
Kanner a Jugendlecher notzen déi nei Medien, Internet an Handy mat enger grousser Selbstverständlechkeet fir mateneen ze kommunizéieren, d’Welt ze entdecken a Spass ze hun. Sie si meeschtens besser informéiert wéi hier Elteren iwwer deen rapiden technesche Fortschrëtt. Wëll se daat ganzt intensiv notzen, besonnesch och déi interaktiv Méiglechkeeten (Chats, Forums, Blogs, Social Networks, SMS asw.) si Kanner a Jugendlecher awer och am grenzelose Raum vum Internet a ganz besonneschem Mooss a Gefoor. Dës, an aner Themen gin an dëser Konferenz behandelt wou mer Iech ganz häerzlechst derzou alueden. Referente sinn d’Häre René Schlechter, Diplom-Pädagoge, an Georges Knell, Diplom-Psychologe, vu Lusi
|