An Zesummenaarbecht mat der Gemeng Stengefort gouf am Summer 2003 en neie Clubsall (inkl. Formatiounssall) an eng Internet Stuff zu Stengefort an der Maison Collart ageriicht fir kënnen Computer-Cours'en oofzehaalen. Dëse Sall ass virgesin fir Cours'en vun bis zu 8 Persounen ze haalen, déi dann och all een PC zur Verfügung gestallt kréien. Zil vum MCCL as et Cours'en unzebidden, déi an klengen Gruppen oofgehaalen gin an trotzdeem och fir den Privatuwender erschwenglech sin, am Géigesatz zu villen aneren Cours'en déi virun allem fir den professionellen Beräich geduecht sin.
Den Internetführerschäin muss wéinst Mangels u Kandidaten op e spéideren Zäitpunkt verlued gin, mir bieden ëmt Verständnis
Kéng Photoshop-Course méi dëst Joër!
Beschreiwung vun de Coursen (op Franséisch, lëtzebuergesch Iwwersetzung ass nach nët fäerdeg)
Umelldungsformular hei klicken (rietse Mausklick fir d'Dokument erofzelueden an ofzespäicheren - Ziel speichern unter...)
Fir en Diplom ze kréien muss ee 70% präsent sinn.
|
Excel II - Steinfort
|
Dates
|
|
|
Internet Führerschäin (fir Ufänger)
|
Dates
|
|
|
Photoshop I - Basis (PC-Kentnisse erfordert)
|
Dates
|
|
|
Photoshop II (Photoshop I Basis erforderlich)
|
Dates
|
|
|
|
!!! Nei !!! Seit der Saison 2003 / 2004 sin mir och ganz stolz den offizielle staatlëchen InternetFührerschain kennen unzebidden.
All Cours'en sin op maximal 8 Platzen limitéiert, woubäi all Teilnehmer 1 PC zur Verfügung huet. D'Emgangssproch an de Cours'en ass lëtzebuergesch. T'Software op den PC'en as an der Regel op Franséisch.
D'Gesamtdauer vun den Cours'en as vum Typ vun Cours oofhängeg. Den Präis gett awer, mat Ausnahm vum Internetführerschain emmer t'selwecht gerechent:
- Den eischte Cours deen eng Persoun mecht, kascht 7,50.- EUR / Stonn.
- Wann éen méi wéi ée Cours mecht, kascht den 2. Cours dann 6,00 EUR / Stonn an ab dem 3. Cours nach jhust 5,00 EUR / Stonn.
- MCCL-Memberen kréien d'autant plus nach eng remise vun 30% op all Cours. Et ass also net emsoss, fiir Member beim MCCL ze sin (oder ze gin!).
De Präis vum Internetführerschain leit bei 37€ pro Persoun fir dei 14 Stonnen. Leit dei de komplette Cours gemach hun, kreien um Enn nees 25€ rembourséiert. Fir den offiziellen Diplom ze kréien muss eng Präsenz vu 70% do sinn. Weinst deem schon enorm genschtege Präis as hei leider keng Reduktioun fir Member meigeleg.
Umelden kennt Dir Iech direkt hei iwwer ons Hotline 661-397 555 oder per Mail op umelldung [at] computerclub [punkt] lu. No der Umeldung kridd Dir vun ons per Post eng Konfirmatioun gescheckt. Mir behaalen ons t'Recht an Ausnahmefäll all dës Datumer ze änneren, wann Zuel un Participant'en oder aner Emstänn daat neideg machen. Umelldungsformular hei klicken
Wann Dir nach eventuell weider Informatiounen braucht, sou kennt Dir ons eng Mail schecken, oder uruffen op onser Hotline 661 - 397 555.
Hei geet ët bei d'Photoen vun den Diplomiwwerrechungen
|